Créez votre mot de passe avec identifiant et inscrivez-vous en ligne pour la prochaine course
Den Karting Club Letzebuerg ass am August 2006 an der Idee gebuer gin, fir den Kartsport zu Letzebuerg erem méi populär ze maachen, an den interesséierten Leit méi no ze brengen. Doduerch, dass op letzebuerger Buedem säit dem Enn vun den 90er Joeren keng Karting-Course mat Compétitiouns-Maschinnen méi stattfonnt huet, hun déi letzebuerger Piloten missen am d'Ausland un den Start goen. All deenen interesséierten Karting-Piloten wollt den Karting Club Letzebuerg d'Méiglechkeet erschaafen, fir nees Coursen op letzebuerger Buedem zu fueren, an soumat och een Titel zu Letzebuerg gewannen ze kennen.
Daat ganzt organiséiert den Karting Club Letzebuerg ennert der Form vum Wintercup, wou d´Coursen am Wanter stattfannen, an esou och déi international Piloten d´Méiglechkeet hun, fir eng letzebuergesch Clubmeeschterschaft matfueren ze kennen. Den Wintercup riicht sech soumat souwuel un all Ufänger, Hobby-Pilot an och un professionel Piloten, déi de Wanter mat spannenden Coursen iwwerbrecken wellen.